Am Konflikt mam Iran huet den amerikanesche President Donald Trump Teheran mat däitleche Wierder virun enger Eskalatioun gewarnt.

Wann den Iran kämpfe wëll, wier dëst dat offiziellt Enn vum Iran, sou den Trump op Twitter. Do virdrun hat sech de Kommandant vun der iranescher Revolutiounsgarde kämpferesch gewisen. Et wéilt ee wuel kee Krich, et géif een awer och net virdru fäerten, sou den Hussein Salami. Déi amerikanesch Truppen hätten, anescht wéi d'Revolutiounsgarden, Angscht virum Doud, géint sou ee Géigner wier liicht ze gewannen. Den Donald Trump huet dem Iran doropshin ze verstoen ginn, den USA ni méi ze dreeën.

D'Situatioun an der Golfregioun gëllt wéinst dem Sträit tëscht béide Säiten den Ament als extrem ugespaant.