Nëmmen e puer Stonnen, nodeems d'kënschtlech Ernärung vum Vincent Lambert gestoppt gouf, huet e Geriicht déi liewenserhalend Moossnamen nees lancéiert.

Et ass ee Succès fir d'Eltere vum franséische Koma-Patient Vincent Lambert. Nodeems d'Doktere e Méindeg domat opgehalen haten, de Mann kënschtlech ze ernären, huet ee Geriicht zu Paräis decidéiert, dass de Vincent Lambert weiderhin um Liewen erhale gëtt. D'Appellsgeriicht huet den Autoritéiten den Uerder ginn, all dofir néideg Mesuren ze ergräifen.

A hirer Decisioun huet d'Geriicht op entspriechend Fuerderunge vun der zoustänneger UN-Kommissioun fir d'Protektioun vu Mënsche mat Behënnerunge verwisen. D'Kommissioun hat Frankräich opgefuerdert, d'Decisioun op méi spéit ze verleeën, bis de Gremium sech an dëser Affär positionéiert hätt. D'Mamm vum Vincent Lambert huet Decisioun vum Geriicht als eng grouss Victoire bezeechent.