Déi zwou Chambere mussen dono decidéieren, ob hir Mandater ausgesat ginn, bis een Uerteel gefall ass.

A Spuenien konstituéiert sech en Dënschdeg dat neit gewielte Parlament.
Ënnert de Member vum Parlament an dem Senat, déi haut vereedegt ginn, sinn och fënnef inhaftéiert Leader vun der katalanescher Onofhängegkeetsbeweegung.

Déi zwou Chambere mussen dono decidéieren, ob hir Mandater ausgesat ginn, bis een Uerteel gefall ass. Den Ieweschte Geriichtshaff hat d'lescht Woch de Wee fir eng Participatioun vun de katalanesche Politiker un der Constituante fräi gemaach, awer refuséiert, dass déi betraffe Persounen definitiv aus dem Prisong kommen. Déi fënnef Politiker, déi zanter gutt engem Joer am Prisong sëtzen, gëtt den Ament zu Madrid de Prozess gemaach, wéinst hirer Roll dem katalaneschen Onofhängegkeetsreferendum am Oktober 2017.

D'Sozialiste vum Premier Pedro Sánchez haten d'Parlamentswalen Enn Abrëll gewonnen. Si koumen allerdéngs net op déi néideg Majoritéit a kéinten op d'Stëmme vun de katalanesche Separatisten ugewise sinn.