Den australeschen Attentäter, dee fir d'Attacken op Moscheeën zu Christchurch responsabel gemaach gëtt, gouf elo formell wéinst Terrorismus ugeklot.

Dat huet déi neiséilännesch Police um Dënschdeg bekannt ginn.

Nieft der Uklo wéinst Terror muss hie sech och wéinst Mord an 51 Fäll, souwéi probéiertem Mord a 40 Fäll veräntweren.

De Rietsextremist hat de 15. Mäerz zwou Moscheeën zu Christchurch iwwerfall an op déi Gleeweg geschoss. 51 Mënsche koumen ëm d'Liewen. Hien hat d'Attacken live am Internet iwwerdroen.