Iwwerschwemmungen, Tornadoen an Donnerwieder: Fir grouss Deeler vu Däitschland gëllt aktuell eng Wiederwarnung vun der Kategorie rout.

Ganz ferme Reen a bis zu 50 Liter Waasser bannent 6 Stonnen. An Däitschland gouf et an e puer Bundesländer zolidd Wiederen. Eng Persoun ass gestuerwen.

An Niedersachsen huet ënnert dem ville Reen e Plafong an engem Spidol noginn. D'Intensivstatioun an den Accouchementsraum hu misse wéinst engem Waasserschued evakuéiert ginn.

Am Allgäu gouf deels Héichwaasseralarm ausgeléist.

Op der A6 a Bayern ass en Automobilist gestuerwen.

Och am Saarland an a Rheinland-Pfalz goufe vill Kelleren iwwerschwemmt.