No de Parlamentswalen an Indien, déi sech iwwer bal sechs Woche gezunn hunn, sollen um Donneschdeg d'Resultater bekannt gemaach ginn.

Ronn 600 Millioune Stëmme mussen ausgewäert ginn. An enger éischter Phase ginn d'Stëmmziedele vun der Bréifwal ausgezielt.

Rahul Gandhi

Géint Mëtteg kéint sech schonn een éischten Trend ofzeechnen. De Premierminister Modi hofft op eng Walvictoire vu senger hindu-nationalistescher Partei. Säi Géigner war ee Member vun der Gandhi-Dynastie, de President vum Kongress, Rahul Gandhi. Verschidde Sondagen hunn am Virfeld eng Majoritéit fir de Modi virausgesot.

Narendra Modi