Well den Helikopter huet missten op der Plaz landen, gouf d'A31 a béid Richtunge gespaart.

Déidlech war en Accident en Donneschdeg de Mëtteg géint 14.30 Auer op der franséischer A31 op der Héicht vun Terville.

E Camion, deen a Richtung Lëtzebuerg ënnerwee war, huet d'Kontroll verluer, ass iwwer d'Leitplanken ewech an de Géigeverkéier geroden. Dowéinst sinn do direkt e puer Ween kollidéiert, dat melle franséisch Medien.

Eng Persoun huet net iwwerlieft. Eng aner gouf ganz schwéier verwonnt.

Well den Helikopter huet missten op der Plaz landen, gouf d'A31 a béid Richtunge gespaart. Et koum zu kilometerlaange Stauen.

Weider Infoe bei de Kollege vun RTL 5minutes!