D'US-Justiz huet en Donneschdeg hir Uklo géint de Wikileaks-Grënner Julian Assange däitlech verschäerft.

Den Assange gëtt elo och am Zesummenhang mat Verstéiss géint d'Anti-Spionage-Gesetz ugeklot, dat huet de Justizministère en Donneschdeg zu Washington matgedeelt.

Ewéi d'USA d'Ausliwwerungsdemande gestallt huet, hunn den Assange nëmme 5 Joer Haft erwaart, elo kéinten et bis zu 170 Joer Haft ginn.

Ewéi d'"Washington Post" schreift, wieren 18 nei Uklopunkten dobäikomm. Dora gëtt behaapt, den Assange hätt illegal gehandelt, ewéi hien Informatiounen iwwer d'Defense vum Land verëffentlecht hätt.