Si huet um Freideg de Moien den Datum fir hir Demissioun public gemaach. De Premier Xavier Bettel huet reagéiert.

D'Theresa May ass um Freideg am Laf vum Dag mat der Parteispëtzt vun den Tories zesumme komm, fir iwwert hire geplangte Récktrëtt ze schwätzen. Et gouf festgehalen, dass si an zwou Wochen, also de 7. Juni zerécktrëtt. Si stellt hiert Amt als Parteicheffin op deem Dag zur Dispositioun, dee Moment och hire Posten als Regierungscheffin, béid Ämter hänke jo uneneen.

D'Theresay May géif ënner Ëmstänn awer nach bis zu sechs Woche Proprietärin an der Downing Street bleiwen, bis en Nofolger gewielt ass.

Eng éischte Reaktioun vum Premierminister Xavier Bettel

Als potentielle Kandidat mat de meeschte Chance gëtt de fréieren Ausseminister Boris Johnson gehandelt. U sech wollt déi britesch Premierministesch den Zäitplang fir hire Récktrëtt eréischt nom Vott, iwwert de Brexit-Accord Uganks Juni presentéieren. Allerdéngs sinn hir Pläng am Parlament op massive Widderstand gestouss, sou dass et wahrscheinlech guer net zu engem Vott kënnt.

Déi fir dëse Freideg geplangte Publikatioun vum Gesetzprojet gouf dowéinst ofgesot. Dës Prozedur gëllt allerdéngs als lescht Chance, fir de Brexit-Accord den Theresa May mat Bréissel ausgehandelt huet, nach ze retten. Den Text ass bis ewell dräi mol am britesche Parlament duerchgefall.

AUDIO: Récktrëtt vum May / Reportage François Aulner