Bal 35 Joer no sengen Doten ass e 65 Joer ale Mann a Florida en Donneschdeg den Owend higeriicht ginn.

Hie war 1985 zum Doud veruerteelt ginn, well hien e Joer virdrun eng Fra ëmbruecht hat. Am Laf vum Prozess hat hien zouginn, fir 7 weider Morde responsabel ze sinn, grad wéi fir e sëlleche Vergewaltegungen.

Parallel koum et am Bundesstaat Tennessee zu enger weiderer Exekutioun, vun engem 61 Joer alen Doppel-Mäerder.