Am spéide Freideg Nomëtteg war matten an der Foussgängerzon zu Lyon eng Bomm explodéiert.

Bei dëser Explosioun goufen op d'mannst 13 Persoune blesséiert. Ënnert de Blesséierten ass no Informatioune vun der Noriichtechaîne BFMTV och ee Kand vun 8 Joer.

Lokal Medie schätzen, datt d'Bomm an engem Pak verstoppt war a virun enger Bäckerei an d'Luucht gaange wier. Weider mellen d'Medien op der Plaz, datt kee vun de Blesséierten a Liewensgefor géif schwiewen.

De franséische President huet scho kuerz nom Tëschefall an engem Interview op BFM TV vun enger Attack geschwat.

D'Police huet dës Foto vum presuméierten Täter e Freideg den Owend publizéiert. / © AFP

D'Police sicht mat Héichdrock no enger suspekter Persoun. An der Nuecht gouf eng Foto vun engem Mann publizéiert, deen een däischtere Sonnebrëll un huet an ee Vëlo dréckt. D'Motiv vum Mann, dee franséisch Medien op ronn 30 Joer schätzen, ass nach onkloer.

De Parquet zu Paräis huet e Freideg den Owend confirméiert, dass Anti-Terror-Spezialisten mat der Enquête chargéiert goufen. Déi franséisch Justizministesch Nicole Belloubet huet an enger éischter Reaktioun betount, dass et nach ze fréi wier fir ze soen, ob et sech ëm eng Terrorattack handelt. Den Inneminister Christophe Castaner huet déi eenzel Präfekturen am Land opgefuerdert d'Sécherheetsmesuren ze verstäerken, virun allem op Plaze wou sech vill Leit ophalen.