En däitsche Fuerscher, deen un der Uni Tréier als wëssenschaftleche Mataarbechter geschafft huet, ass am Süde vum Chile ëm d'Liewe komm.

Seng Läich gouf e Freideg an engem Nationalpark a Patagonien an engem Séi entdeckt. De Wëssenschaftler gouf zanter Deeg vermësst.

Deen 62 Joer ale Geolog sollt ee sougenannte Magnetometer flécken. Wéi et heescht, hätt hie wärend sengem leschte Kontakt iwwer Satellittentelefon enger Kollegin gesot, dass d'Wiederkonditioune ganz schwiereg wieren.