A Groussbritannien sinn sech déi potentiell Nofolger vun der Nach-Premierministesch Theresa May am Gaangen a Positioun ze bréngen.

Si hat e Freideg wärend enger emotionaler Ried zu London annoncéiert, dass si hiert Mandat als Parteicheffin de 7. Mee néierleet. Bis Enn Juli soll hiren Nofolger feststoen. Dee Moment trëtt si och als Premierministesch zeréck.

Als Favorit ënnert de potentielle Kandidate gëllt de fréieren Ausseminister Boris Johnson. Hien huet direkt no der Annonce vun der Theresa May positionéiert a mat engem EU-Austrëtt ouni Accord gedreet. Groussbritannien soll bis den 31. Oktober aus der EU ausgetruede sinn.

Bis ewell hunn awer nëmme wéineg potentiell Kandidaten hiert Intressi däitlech gemaach, fir neie Premierminister ze ginn. Ee weideren Numm, dee gehandelt gëtt, ass dee vum Ëmweltminister Michael Gove. Ee weidere Kandidat kéint de fréiere Brexit-Minister Dominic Raab sinn.

An der Woch vum 10. Juni leeft d'Selektiounsprozedur un, bis nach 2 Kandidaten iwwreg sinn. D'Parteibasis muss iwwert déi zwee Kandidaten ofstëmmen.