Nom Doud vun direkt e puer Puppelcher an enger Klinik zu Chester am Nordweste vun England, gouf eng 29 Joer al Infirmière verhaft.

Hir gëtt reprochéiert op d'mannst 8 Neigebuerener ëmbruecht ze hunn. Dat melle britesch Medien, déi sech op d'Police beruffen. An 9 weidere Fäll gëtt der Fra probéierte Mord vu Bëbeeën virgeheit. Si war schonn am Juli zejoert verhaft ginn, dunn awer nees op Kautioun fräi komm.