Wärend engem Bootsongléck an der Ägäis koumen e Méindeg op d'mannst siwen Flüchtlingen ëm d'Liewen. Dorënner och 2 Kanner.

Der griichescher Garde Côte no ass d'Flüchtlingsboot virun der Küst vun der Insel Lesbos ënnergaangen. Et koum aus der Tierkei. 57 Persoune konnte gerett ginn.

Zanter dem Ufank vum Joer hunn no Informatioune vum UN-Flüchtlingswierk gutt 9.700 Mënschen dee geféierlechen Trajet vun der Tierkei aus op déi griichesch Inselen ënnerholl. Zejoert koumen an der Ägäis iwwer 170 Migranten ëm d'Liewen oder ginn zanterhier vermësst.

D'Opfaangstrukturen op den Insele Samos a Lesbos sinn iwwerfëllt. Op dem Héichpunkt vun der Flüchtlingskris an de Joren 2015 an 2016 waren iwwert eng Millioun Migranten aus der Tierkei a Griicheland komm.