Op ville Plaze war d'Verhaftung staark kritiséiert ginn.

Déi russesch Autoritéite loossen d'Reproche géint de russesche Revelatiouns-Journalist Iwan Golunow falen.
Hie kéim aus dem Hausarrest fräi, seet den Inneministère.

De Golunow dee fir déi investigativ Plattform "Medusa" schafft war déi lescht Woch verhaft ginn. Him war den Handel mat Droge virgehäit ginn.

Op ville Plaze war d'Verhaftung staark kritiséiert ginn.