Hie presentéiert an dem Kontext um Mëttwoch déi nächst Etappe vum President Macron sengem Reformprogramm.

Dono ass ee Vertrauensvotte am Parlament, deen d'Regierung wéinst hirer absoluter Majoritéit awer ouni Problem dierft iwwerstoen.

Am Mëttelpunkt vun der Deklaratioun dierften ënnert anerem déi annoncéiert Reforme vum Pensiounssystem an der Assurance Chômage stoen. Den Emmanuel Macron hat des Initiativen, wéinst de Protester vun de Gilets Jaunes op méi spéit reportéiert.