Zu Condé-sur-Sarthe an der Normandie hat ee Prisonéier zwee Giischtercher a seng Gewalt bruecht. Dat huet de Justizministère bekannt ginn.

De Mann huet no 5 Stonnen opginn. De Geiselen ass näischt geschitt. D'Police hat Spezialunitéiten op d'Plaz geschéckt. De Prisonéier hat gefuerdert an en anere Prisong transferéiert ze ginn, dat mellt France Info.

Hie gouf wéinst Mord zu enger laanger Prisongsstrof veruerteelt. Hie soll psychesch Problemer hunn a soll och schonn an der Vergaangenheet Leit als Geisel geholl hunn.

Eréischt Enn Mäerz hat et am selwechte Prisong eng Geiselnam ginn, déi allerdéngs bluddeg op en Enn goung. Deemools hat een inhaftéieren Islamist zwee Giischtercher mat engem Messer schwéier blesséiert. Dem Prisonéier seng Frëndin koum wärend enger Schéisserei ëm d'Liewen.