Dausende vun Demonstranten hunn de legislative Conseil zu Hongkong belagert, fir géint dat geplangte Gesetz fir Ausliwwerungen u China ze protestéieren.

D'Demonstranten hunn d'Entrée fir an d'Parlament blockéiert, dat um Mëttwoch iwwert de Gesetzesprojet sollt beroden. D'Sëtzung gouf op méi spéit verluecht.

Dausende vu Leit hunn d'Stroosse ronderëm d'Gebai besat a Clôturen ewech geholl. D'Police war massive am Asaz. Ronn 1.000 Geschäfter haten annoncéiert, aus Protest, hier Dieren zouzeloossen. D'Gewerkschaften haten hir Member zu Streikaktiounen opgeruff.

Trotz dem Widderstand ënnert deene 7 Milliounen Awunner vun Hongkong, wëll déi ëmstridde Premierministesch Carrie Lam d'Gesetz vun der Peking-treier Majoritéit an dem net-fräi-gewielte legislative Conseil ofseene loossen. De Vott ass fir d'nächst Woch en Donneschdeg geplangt.

Dat kontroverst Gesetz géif et den Autoritéiten erlaben, op Wonsch vu China, suspekt Persounen un déi kommunistesch Volleksrepublik auszeliwweren. Kritiker soen allerdéngs, dass de chinesesche Justizsystem net onofhängeg wier an och net den internationale Standarden entsprécht. Donieft missten déi Betraffe mat Folter a Mësshandlunge rechnen.

Déi fréier britesch Krounkolonie gëtt zanter dem Retour am Joer 1997 u China nom Prinzip "ee Land, zwee Systemer", als eegenen Territoire autonom regéiert.