Zanter e Mëttwoch de Moie fréi brennt et an enger Schräinerei zu Mönchengladbach.

Géint 4.30 Auer goufen d'Pompjeeën alarméiert wéinst engem Groussbrand an engem Betrib zu Eicken. D'Flamen si meterhéich an d'Luucht geschloen.

Eng 100 Mann sinn de Moment am Asaz, fir d'Feier an de Grëff ze kréien. Wéi laang d'Läschaarbechten nach daueren, ass net gewosst.

D'Awunner aus der Ëmgéigend goufen opgeruff d'Fënsteren an d'Dieren zouzeloossen. D'Dampentwécklung wier enorm a géif sech duerch de ganze Quartier zéien.