D'Marine Le Pen muss sech viru Geriicht veräntweren, well si Enn 2015 Fotoe vun Iwwergrëffer vum Islamesche Staat op hirem Twitter-Konto publizéiert hat.

D'franséisch Justiz huet entspriechend Informatioune vun der Televisiounschaîne BFMTV confirméiert.

D'Presidentin vum Rassemblement National kritt wéinst der Diffusioun vu Gewaltbiller de Prozess gemaach.