Fir eng gewëss Zäit kéinten esou Mesurë sënnvoll sinn an d'europäesch Politik misst de groussen Entreprisen de Réck stäipen.

An engem Interview mat der "Frankfurter Allgemeinen Zeitung" huet de Lakshmi Mittal Versteesdemech gewise fir d'protektionistesch Handelspolitik vum Donald Trump. Sou Mesurë wären eng Zäit sënnvoll, fir der eegener Industrie Wuesstem ze verschafen, sot den ArcelorMittal-Patron an deem Gespréich.

D'europäesch Politik misst groussen Entreprisen och méi Réckendeckung ginn, z.B. duerch Taxen op Importer, huet de Lakshmi Mittal nach gemengt; am anere Fall kéinten eng ganz Rëtsch europäesch Industriebranchë stierwen.