Um Samschdeg war nees eng éischte Kéier eng Mass an där Kierch, besser gesot an enger Kapell vun der Kathedral.

Nëmmen 30 Leit waren invitéiert, aus Sécherheetsgrënn gouf d'Zuel begrenzt an d'Leit hu misse Sécherheetshelmer undoen.

Iwwerdeems loossen d'Spende fir Notre-Dame op sech waarden. Ronn 850 Milliounen Euro ware versprach ginn, mol net 10% goufe bis ewell bezuelt. Virun allem déi grouss Spender hunn nach keng Sue ginn. De franséische Kulturminister Franck Riester sot dat op France 2.

De franséische President Macron hat jo versprach, datt d'Kathedral bannent 5 Joer nees soll komplett opgeriicht ginn. Beim Feier Mëtt Abrëll waren ënnert anerem den Daach an den Tuerm vun der Kathedral verbrannt.

© AFP