Observateuren hunn der neier Presidentin hir Inauguratiounsried haut als iwwerraschend onkritesch beschriwwen, am Verglach zu hirer Campagne.

Zu Bratislava ass e Samschdeg d'Ëmweltaffekotin Zuzana Caputova als Presidentin vereedegt ginn. Déi sozial-liberal Politikerin ass déi éischt Fra op deem Posten an der Slowakei. Si ass am Mäerz mat 58 Prozent vun de Stëmme gewielt ginn, dat mat enger regierungskritescher Campagne.

Hiren Erfolleg gëtt enger Onzefriddenheet vu ville Wieler mat der Regierungskoalitioun zougeschriwwen, ee Joer nodeems de Mord vun engem Investigativ-Journalist fir eng Kris am Land gesuergt huet. Dëse war kuerz virdrun, iwwer Vernetzungen tëschent slowakesche Politiker an der italienescher Mafia ze beriichten.

Observateuren hunn der neier Presidentin hir Inauguratiounsried e Samschdeg awer als iwwerraschend onkritesch beschriwwen, am Verglach zu hirer Campagne.