Ugangs Juni huet d'Militär eng Sëtzblockade zu Khartum brutal opgeléist - dobäi sollen iwwer 100 Mënschen erschoss gi sinn.

De fréiere sudanesesche President Omar al-Bahsir muss sech d'nächst Woch wéinst Korruptioun an dem Besetz vun auslännescher Wärung viru Geriicht veräntweren - déi Informatioun huet de Parquet haut der Press weiderginn.

De Bashir, deen d'Land wärend 30 Joer autoritär geleet huet, ass no méintelaange Masseprotester am Abrëll vun der Arméi gestierzt ginn. D'Protester sinn awer och nom Coup weidergaangen, d'Demonstrante fuerderen e séieren Iwwergang zu enger ziviller Regierung.

Ugangs Juni huet d'Militär eng Sëtzblockad zu Khartum brutal opgeléist - dobäi sollen iwwer 100 Mënschen erschoss gi sinn.