Zu Hongkong ginn zanter Deeg Dausende vu Leit op d'Strooss, fir géint een neit Ausliwwerungsgesetz ze protestéieren.

De Jose Lopes Amaral huet sech leschte Mëttwoch bei de Manifestatiounen zu Hongkong der Police vis-a-vis gestallt. Dat fir lokale Journalistekollegen ze hëllefen, op déi mat Pefferspray geschoss gouf. De Fotograf aus Lëtzebuerg, deen an Asien schafft, wollt d'Opmierksamkeet net op sech lenken. Vill Polizisten hätte vill méi eng staark Hand géintiwwer Journalisten aus Hongkong wéi vis-a-vis vun europäeschen.

Déi ganz Zeen gouf vun engem Amateur gefilmt an an den Internet gesat... de Fotograf gëtt am Netz als couragéierten Held gefeiert. Jäizt do och der Police entgéint: Et wär een nach ëmmer zu Hongkong, net a China.

De Jose Lopes Amaral seet op Facebook, hie wéilt déi ganz Opmierksamkeet net, mä géif seng Aktioun awer net bereien.

E Lëtzebuerger Foto-Journalist, deen am Taiwan lieft, war wéi gesot bei Demonstratiounen zu Hongkong e Mëttwoch dobäi an huet fir vill Opmierksamkeet gesuergt, well hien d'Police confrontéiert huet, fir lokale Journalistekollege vu Pefferspray ze protegéieren.

Mir hu mam José Lopes Amaral geschwat, iwwert d'Aart a Weis mat där d'Police zu Hongkong mat der Press ëmgeet.

AUDIO: De José Lopes Amaral am RTL-Interview

Hannergrond vun de Protester

Zu Hongkong ginn zanter Deeg Dausende vu Leit op Strooss, fir ze protestéieren. D'Regierung huet d'Ausliwwerungsgesetz mëttlerweil op Äis geluecht, mä dat geet villen net duer, dat geplangte Gesetz soll ganz gestrach ginn.

Dat Ausliwwerungsgesetz géif et den Autoritéiten erlaben, Persounen, déi vu China verdächtegt oder gesicht ginn, un d'Volleksrepublik auszeliwweren. Kritiker warnen, datt d'Justiz a China net onofhängeg ass. Folter a Mësshandlunge wären och ze fäerten.

Leschte Weekend huet méi wéi eng Millioun Mënsche protestéiert. Hir Kritik Hongkong géif China ëmmer méi ähnlech ginn, wär keng fräi Gesellschaft méi.

Leschte Mëttwoch koum et zu Ausenanersetzungen a Blesséierten.

Protester gi weider

Een Dag no de Masseprotester mat iwwert enger Millioun Leit zu Hongkong, huet um Méindeg nach ëmmer ee klenge Grupp vu Leit an der Géigend vum Regierungssëtz demonstréiert. D'Police huet sech allerdéngs zeréck gehalen. Demonstrante blockéieren ee klengen Dee vun enger grousser Strooss.

Obwuel d'Premierministesch Carrie Lam dat ëmstriddent Gesetz fir Ausliwwerungen u China op Äis geluecht a sech e Sonndeg bei de Bierger vun Hongkong entschëllegt hat, ass d'Roserei bei deene 7 Milliounen Awunner nach ëmmer grouss.