De Verdeedegungsminister Patrick Shanahan huet annoncéiert, dass d'USA weider 1.000 Zaldoten an den Noen Oste schécken.

Hie sot awer am selwechten Otemzuch, dass d'USA kee Konflikt mam Iran géifen ustriewen. D'USA maachen den Iran fir d'Attack op zwee Pëtrolstanker am Golf vum Oman de leschten Donneschdeg responsabel. Teheran weist dës Reprochen awer zeréck.

E Méindeg hu sech d'EU Ausseminister hei zu Lëtzebuerg mat der aktueller Situatioun an der Golfregioun beschäftegt. Si hu kloer gemaach, dass déi europäesch Partner aktuell net gëeent hannert de Virwërf vun den USA stinn.
De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn huet betount, dass op alle Fall ee Krich misst evitéiert ginn. Dat ass eis Missioun, sou de Jean Asselborn nom EU-Ausseministerconseil um Kierchbierg. D'EU wëll an enger éischter Phase eng onofhängeg Enquête ofwaarden.