Den US-President Trump soll um Dënschdeg wärend engem Optrëtt a Florida, offiziell seng Kandidatur fir eng zweet Mandatszäit annoncéieren.

Wärend dësem Evenement zu Orlando déi nächst Nuecht eiser Zäit, gëtt hie vum Vizepresident Mike Pence begleet.

Florida gehéiert zu de Bundesstaaten mat enger Schlësselroll fir den Ausgang vun de Presidentiellen am November 2020. D'Virwalen fänken am Februar un. Un enger weiderer Nominatioun vum Donald Trump besti keng Zweiwel, och wann hie mam fréiere Gouverneur William Weld intern Konkurrenz huet.

Bei den amerikaneschen Demokrate ginn et iwwerdeems 23 Presidentschaftskandidaten. Hei huet den Ament an den Ëmfroen de fréiere Vizepresident Joe Biden d'Nues vir.