Gutt 4 Milliarde Mënschen hätten nach ëmmer keng Toiletten, déi och adequat ugeschloss sinn, heescht et vun der Unicef an der Weltgesondheetsorganisatiun.

Et wier wuel zanter dem Joer 2000 vill geschitt. Haut kéinten 1,8 Milliarde Leit eng protegéiert Drénkwaasserquell bannent enger hallwer Stonn zu Fouss erreechen.

D'Qualitéit vun der Versuergung mat Drénkwaasser an Toilette géif allerdéngs weiderhin ze wënschen iwwreg loossen.