An de Stroosse vun Toronto wollten e Méindeg dausende Leit den 1. NBA-Titel vun hire Raptors feieren, ewéi op eemol Schëss gefall sinn.

No Informatioun vun der kanadescher Police wiere 4 Leit ugeschoss ginn. D'Blessure wieren awer net liewensgeféierlech. Weider sot d'Police vun Toronto, dass een dräi Persoune festgeholl hätt, dobäi hätt een hinnen zwou Waffen ofgeholl.

Videoen an de sozialen Netzwierker weisen, wéi dausende vu Mënsche vun der Plaz wëlle flüchten. Et koum zu engem panikaartege Gedrécks an der Meng.