Dat huet den US-President Donald Trump en Dënschdeg op Twitter wësse gelooss.

An der amerikanescher Regierung kënnt et op en neits zu engem Wiessel. Matze wärend deene verschäerfte Spannunge mam Iran huet den US President komplett iwwerraschend op nees ee Wiessel am Verdeedegungsministère bekannt ginn. Neie kommissaresche Minister gëtt de Verwaltungschef vun der US-Arméi vu bis elo, Mark Esper.

Bis ewell gouf de Ministerposten, awer just provisoresch, vum fréiere Manager vu Boeing, Patrick Shanahan geleet. Den Donald Trump huet seng Decisioun domat begrënnt, dass de Verdeedegungsminister vu bis elo méi Zäit fir seng Famill wéilt hunn. Et handelt sech schonn ëm den zweete Wiessel un der Spëtzt vum Pentagon bannent engem hallwe Joer.