Viru ronn 5 Joer war d'Maschinn iwwert der Ukrain ofgeschoss ginn. Ënnert den Doudege war eng Famill vu Réiser.

International Ermëttlunge hunn erginn, datt wuel véier Männer fir d'Ofschéisse vum Passagéierfliger verantwortlech sinn. Dës Männer, ënnert hinnen de prorussesche Rebellekommandant Igor Girkin, ginn elo wéinst Mord ugeklot, de Prozess soll am Mäerz 2020 ufänken. Dat huet déi international Untersuchungskommissioun e Mëttwoch zu Nieuwegein an Holland matgedeelt.
De Fliger vu Malaysian Airlines war de 17. Juli 2014 iwwert der Ost-Ukrain vun enger Buk-Rakéit getraff ginn. Allen 298 Leit u Bord, dorënner och britesch-hollännesch Koppel vu Réiser mat hire Bouwe vun 12 a 14 Joer, waren ëm d’Liewen komm.

Am Mee 2018 hat en internationaalt Team vun Ermëttler e Bericht virgeluecht, wou si d'Rakéit enger russescher Militärbase zouuerdne konnten. Déi hollännesch Regierung hat deemools Russland formell fir den Ofschoss verantwortlech. Déi meeschten Affer koumen aus Holland.

De Kreml hat dës Uschëllegung zeréckgewise a selwer op ukrainesch Truppe verwisen.