Den Accident ass e Méindeg de Mëtteg géint 14 Auer geschitt, am Bundesland Mecklenburg-Vorpommern.

3 Maschinne vun der Bundeswehr waren zesummen ënnerwee, wéi sech zwee Fligere beréiert hunn.

Deen drëtte Pilot huet d'Kollisioun an duerno och zwee Fallschiermer gesinn.

Nërdlech vum Fleesensee, bei der Stad Waren (Müritz), si béid Kampfjetten erofgefall.

D'Pilote vun den Onglécksmaschinne konnte sech mat de Schleidersëtz ejektéieren, ma just ee konnt duerno lieweg fonnt ginn.

Fir deen anere koum all Hëllef ze spéit.

Nodeems a Mecklenburg-Vorpommern zwee Eurofighter-Kampffliger vun der däitscher Arméi anenee gerannt waren, leeft d'Enquête op Héichtouren. Wéi et heescht, géifen elo déi schwaarz Këschte vun deenen zwee Fliger ausgewäert ginn. E Méindeg den Owend hat sech d'Verdeedegungsministesch Ursula von der Leyen op d'Onglécksplaz deplacéiert. Si sot dass d'Ongléck sou séier wéi méiglech géif opgekläert ginn.