Wéi déi belsch Medie schreiwen, gouf de Mann e Samschdeg schonn vun der Cellule anti-terroriste fédérale festgeholl.

Nodeems de Verdächtegen e Méindeg de Moien an der Belsch virun den Untersuchungsriichter koum, gouf géint dësen e Mandat d'arrêt ausgeschwat, dat wéinst Verdacht op en terroristescht Attentat dat vun him sollt op d'US-Ambassade geplangt gewiescht sinn.

De Parquet betount, dass de Verdächtegen d'Uschëllegunge vu sech weist. De Belsch gouf eng länger Zäit vum Geheimdéngscht iwwerwaacht. De Service betount, dass d'Dot kuerz virdru stoung, fir ausgefouert ze ginn.