Am Konflikt mam Iran huet den US-President Donald Trump nei Sanktiounen ordonnéiert.

Am Viséier vun dësen ass ënner anerem de reliéise Leader Ajatollah Ali Chamenei a säin Entourage.

Washington wëll den Accès zu finanzielle Ressource fir si méi schwéier maachen.

Am Konflikt tëscht den USA an dem Iran, huet den UNO-Sécherheetsrot en Appell vun Dialog gemaach. Et misste Mesuren ergraff ginn, fir d'Spannungen an der Golf-Regioun ze entschäerfen. Dat geet aus enger gemeinsamer Deklaratioun vun deene 15 Member vum Sécherheetsrot ervir. Si hunn an dem Kontext och déi rezent Attacken op Tanker an der Golf-Regioun veruerteelt an hunn dës als eng Menace fir déi weltwäit Energieversuergung a fir de Fridden an d'Sécherheet bezeechent. Wéi et aus Diplomatiekreesser heescht, sinn d'USA net mat hirer Fuerderung duerchkomm, an der Deklaratioun ee staatlechen Acteur fir d'Attacken op déi zwee Tanker responsabel ze maachen. Russland hätt sou eng Formulatioun refuséiert. D'USA haten eng Sëtzung vum UNO Sécherheetsrot gefuerdert, nodeems den Iran d'lescht Woch eng amerikanesch Opklärungsdrone erofgeschoss hat.