Zu Gießen, an Hessen, gouf an der Nuecht op en Dënschdeg eng 250 Kilogramm schwéier Fligerbomm aus dem Zweete Weltkrich kontrolléiert gesprengt.

D'Bomm hätt duerch dës Sprengung kënne mat Succès entschäerft ginn, huet d'Stad Gießen e Méindeg den Owend spéit bekannt ginn.

Do virdru war schonn eng méi kleng Bomm vu 50 Kilo entschäerft ginn. Déi zwou Fligerbommen aus dem Zweete Weltkrich waren e Méindeg de Mëtteg wärend Bauaarbechte fonnt ginn.

No Donnéeë vun den zoustännegen Autoritéiten konnt déi méi grouss Bomm opgrond vun hirer staarker Deformatioun net entschäerft ginn. Si huet dowéinst musse kontrolléiert gesprengt ginn. Am Ëmkrees vun där Plaz wou d'Bomme louchen, ware ronn 2.500 Leit evakuéiert ginn.