Op der däitscher Säit vis-à-vis vum Mäerter Hafen koum et um Mëttwoch den Owend zu engem Accident, bei deem zwou Persoune blesséiert goufen.

Kuerz no 19 Auer waren op der Héicht vum Temmelser Schlass op der B419, eng 3 Kilometer virun der Bréck iwwer d'Musel op Maacher, zwee Autoen aneneegerannt.

En 19 Joer ale Chauffer, dee vun Uwwerbëlleg (Oberbillig) a Richtung Temmels ënnerwee war, war aus nach net gekläerter Ursaach op d'Géigespur geroden a krut do den Auto vun engem 53 Joer ale Chauffer ze paken.

© SteilTV

De Schock war esou grouss, datt de Won vum jonke Chauffer op d'Schinnen nieft der Strooss geschleidert gouf. Deen anere koum op der Strooss un d'Halen.

Duerch Deeler, déi ronderëm geflu sinn, gouf och nach en drëtten Auto beschiedegt.

© SteilTV

De Mann vun 21 Joer gouf schro blesséiert, awer net liewensgeféierlech. Säi Bäifuerer koum ouni Blessen dervun. De Chauffer vum aneren Auto gouf liicht blesséiert.

Den Trafic hat mussen deviéiert an d'Zuchstreck tëscht Konz-Karthaus a Wellen hat musse gespaart ginn.

© SteilTV