D'Wäisst Haus géif sech schwéier doen, fir als kompetent ze wierken, esou d'Ausso vum britesche Vertrieder zu Washington.

Den US-President Trump léisst dat net op sech sëtzen a gräift déi demissionär britesch Premierministesch Theresa May un. Si hätt am Dossier Brexit nëmmen Chaos hannerlooss an de briteschen Ambassadeur wier ee ganz domme Kärel.