Nom Ibiza-Skandal kéint d'Affär vun den illegale Parteispenden an Éisträich méi wäit Kreesser zéien.

Verschidde Medie mellen, datt och elo d'Roll vun der SPÖ, also de Sozialdemokraten, an der ÖVP vum fréiere Kanzler Sebastian Kurz soll analyséiert ginn.

De Parquet an Éisträich géif géint e puer Parteien an Entreprisen enquêtéieren.

Den Ibiza-Skandal hat jo an Éisträich zur Demissioun vum Vizekanzler Strache an zum Opléise vun der ganzer Regierung gefouert.