Bal 140.000 Passagéier hunn e Mëttwoch um Fluchhafe Gatwick ganz vill Gedold mussen hunn.

Matten an der Vakanzenzäit ass de Fluchverkéier op dem Londoner Airport wärend zwou Stonne gestoppt ginn. Als Ursaach gouf ee Problem mam Fluchsécherungssystem am Tower genannt. Géint 8 Auer e Mëttwoch den Owend huet de Fluchverkéier nees normal funktionéiert.

Gatwick ass den zweetgréisste Fluchhafen a Groussbritannien. Am Dezember zejoert hat de Fluchhafen e puer mol wéinst Drone mussen zougemaach ginn.