No engem jorelaange Rechtssträit ass dee bekannte franséische Koma-Patient Vincent Lambert gestuerwen.

Den 42 Joer ale Mann ass um Donneschdeg fréi an der Unisklinik zu Reims verscheet, wéi seng Famill bekannt ginn huet. Dokteren haten déi kënschtlech Ernärung viru gutt enger Woch géint de Widderstand vun den Eltere gestoppt.