De rietse Lega-Chef Matteo Salvini war fir illegal Milliounespenden mat Russland.

Déi amerikanesch Websäit "Buzzfeed News" huet Audiodateie verëffentlecht, wou den italienesche Lega-Chef Matteo Salvini an de Gianluca Savoini iwwer eng héich Zomm fir den europäesche Wahlkampf z'ënnerstëtzen, verhandelen.

Audio-Opnamen no, war den italienesche Lega-Chef oppe fir illegal Milliounespenden vu Russland unzehuelen. Dës sinn Opnamen, déi dem Inneminister a senger ganzer rietser Partei schuede kéinten.

Et geet riets vu 65 Milliounen Dollar. Dës Zomm sollt der Partei iwwer en Ueleggeschäft vermëttelt ginn.

Wann dës Opname wierklech solle wouer sinn, wier dës den éischte feste Beweis, datt Moskau sech soumat ee Wee sicht, fir an déi europäesch Politik anzegräifen. Et ass ähnlech, wéi den Ibiza-Skandal, deen dem Strache säi Poste kascht huet.

De Savoini, deen sech ëm d'Bezéiungen tëscht Russland an der Lega këmmert, behaapt, datt Si Europa wëlle veränneren. Hie betount, datt Europa vill méi no u Russland stoe muss.

D'Gespréich sollt lescht Joer, den 18.Oktober am "Monopol" Hotel zu Moskau gewiescht sinn. Op den Toun - Opname si 6 Leit ze héieren, dräi Russen an dräi Italiener. Eng vun de 6 Persounen ass de Savoini, déi aaner konnten net identifizéiert ginn.

Nëmmen e puer Stonnen no der Verëffentlechung vum "Buzzfeed"-Artikel, huet de Salvini sech direkt geäussert. Hie seet, hien hätt nach ni en Euro, nach en Dollar a weder nach ee Liter Wodka aus Russland matgeholl.

De Savoini behaapt sech an engem Interview mat "La Repubblica" drop, datt hie seng Stëmm op den Opnamen net géing erëmerkennen. Hie beschützt de Salvini a seet et wier alles nëmmen erfonnt.