Amplaz vu ronn 80 Milliounen Euro, soll Monsanto elo just nach 25 Milliounen Euro bezuelen.

Monsanto muss een décke Batz manner u Strof bezuelen. En amerikanesche Riichter huet nämlech d'Strof a Milliounenhéicht géint d'Duechtergesellschaft vum Chimiekonzern Bayer am Glyphosat-Prozess däitlech reduzéiert. D'Geriicht huet decidéiert, dass de Konzern amplaz ronn 80 Milliounen Dollar nach just 25 Millioune muss bezuelen.

Trotz dësem Schrëtt huet Bayer annoncéiert géint des Decisioun an Appell ze goen. Déi zoustänneg Autoritéiten an den USA a weltwäit wieren zu der Conclusioun komm, dass Glyphosat kee Kriibs provozéiert.

Ee Jury zu San Francisco hat Monsanto am Mäerz dëst Joer dozou condamnéiert, ronn 80 Milliounen Dollar un ee Mann ze bezuelen, dee Kriibskrank ass an dee jorelaang mam Herbizid Roundup geschafft huet.