Genee 50 Joer nom Start vun der historescher Moundlandung vun der Apollo 11 huet een en Dënschdeg d'Chance, eng partiell Mounddäischtert ze gesinn.

En Dënschdeg den Owend um 22.02 Auer gëtt de Mound lues a lues vum Schied vun der Äerd verdeckt. An der Halschent vun der Däischtert um 23.31 Auer si ronn zwee Drëttel vum Mound am Schied. Dës Mounddäischtert geschitt kuerz virun dem 50. Joresdag vun der éischter Moundlandung. De 16. Juli 1969 war d'Apollo-11-Missioun gestart. Den 20. Juli ass de Shuttle um Mound gelant. An de fréie Moiesstonnen vum 21. Juli huet den Neil Armstrong als éischte Mënsch ee Fouss op de Mound gesat.

Genee 50 Joer dono huet de Chef vun der Nasa d'Bedeitung vun enger weiderer Moundlandung um Wee fir op de Mars ervirgestrach. De Mound fir een Test, de Mars d'Zil. Déi amerikanesch Regierung huet als Zil, bis 2024 nees en amerikaneschen Astronaut op de Mound ze bréngen. Dat wier eng schwiereg Aufgab, awer ze realiséieren, heescht et vun der Nasa. Dass drënner och eng Fra soll sinn, wier scho laang iwwerfälleg. Et wier méiglech, dass bis 2033 den éischte Mënsch um Mars kéint landen. D'Käschte fir dëse Projet chiffréiert de Chef vun der Nasa op tëscht 20 an 30 Milliarden Dollar.