No knapps zwee Joer soll op Mallorca erëm eng "Corrida" sinn.

No gutt zwee Joer wäerten erëm Toreros op Mallorca Stéieren ëmbréngen. Der Zeitung "Diario de Mallorca" no, soll den 4. August op der Plaza de Toros zu Palma erëm eng sougenannte "Corrida" sinn. Enn 2018 huet dat spuenescht Verfassungsgeriicht e "Verletzungs- und Tötungsverbot" vum Regionalparlament op d'Kipp geheit.

D'Geriicht zu Madrid huet deemools erkläert, datt méi Artikelen vum baleareschem Gesetz  iwwer d'Stéierkämpf an Déiereschutz net verfassungswiddereg wären. Well 2013 de Stéierkampf zum nationalen Kulturgutt erkläert ginn ass, kann nëmmen de Staat driwwer entscheeden, ob dëse verbuede soll ginn oder net. Soumat ass de vun der Lénkspartei op Mallorca "Tötungsverbot" net gëlteg.

Obwuel d'Stéierkämpf a Spuenien ëmmer méi ëmstridde sinn a bei de Jugendlechen un Attraktivitéit verléieren, huet d'Verfassungsgeriicht gesot, datt déi spuenesch Regiounen "Corridas" net däerfen komplett verbidden.