D'Majoritéit vun den oppositionellen Demokraten an all d'Republikaner hu géint dem Al Green seng Initiative gestëmmt.

Dat amerikanescht Representantenhaus huet d'Initiative vum demokrateschen Deputéierten Al Green, fir eng sougenannten "Impeachment-Prozedur" géint de President Trump an d'Wee ze leeden, zeréck gewisen.

De Kongress, dee vun den oppositionellen Demokraten dominéiert gëtt, huet Demande vum betraffenen Deputéierte mat enger däitlecher Majoritéit vun 332 zu 95 Stëmme verworf. D'Majoritéit vun den oppositionellen Demokraten an all d'Republikaner hu géint dem Green seng Initiative gestëmmt.

Et war déi éischte Kéier, dass sech d'US Representantenhaus formell mat der Fro vun engem méiglechen Impeachment géint den Donald Trump befaasst huet. Den Al Green hat seng Demarche en Dënschdeg agereecht, nodeems de Kongress dem Trump seng friemefeindlech Aussoe géint véier demokratesch Deputéiert mat Migratiounshannergrond veruerteelt hat. Den Deputéierten huet drop higewisen, dass den Trump der amerikanescher Gesellschaft géif schueden a wier net capabel President ze sinn.

Den US President selwer huet den Ausgang vum Votte begréisst a sot, dass dëst dee leschten Essai war, hien zu engem Récktrëtt ze zwéngen.