Teheran huet - eegenen Aussoen no - e Sonndeg een auslännesche Pëtrolstanker gestoppt an 12 Membere vun der Crew festgeholl.

D'Revolutiounsgarden hunn den Tanker, deen anscheinend 1 Millioun Liter geschmuggelte Pëtrol gelueden hat, an der Strooss vun Hormus gestoppt.

Zanter 2 Méint hunn d'Tensiounen an der Golfregioun massiv zougeholl. Dat nodeems d'USA aus dem internationalen Accord mam Iran erausgeklommen ass.

Et ginn ëmmer nees Attacken op auslännesch Schëffer fir déi Washington Teheran responsabel mécht
weiderzekommen.