Schonn e Méindeg hat eng 38 Joer al Lëtzebuergerin an engem Casino zu Tréier eng gréisser Zomm gewonnen a sech déi dunn ausbezuele gelooss.

Wéi si kuerz virun 1 Auer heemgaangen ass, sinn 2 Männer hir nogaangen.

Beim Auto huet ee vun den 2 Täter e Messer erausgeholl an d'Fra op Englesch mat tierkeschem Akzent opgefuerdert, hir d'Suen ze ginn.

Deen Aneren huet der Fra hire Smartphone aus der Hand gerappt.

D'Fra ass dunn heemgefuer an huet sech eréischt e Mëttwoch bei der Police gemellt.

D'Police vun Tréier huet eng Enquête lancéiert. Eventuell Zeie solle sech um 0049 651 / 9779-2290 oder 2251 mellen.