D'G7-Staate wëllen zesummen e Kader schafe fir eng digital Besteierung vu groussen Entreprisen.

Bis 2020 soll e globaalt Konzept virleien. Dobäi soll net méi de Sëtz vun der Firma entscheedend sinn, ma d'Land, wou si hiren Ëmsaz maachen.

Doropper konnte sech d'Finanzministere vun de 7 gréisste Wirtschafte weltwäit en Donneschdeg zu Chantilly bei Paräis verstännegen.