D'Ekipp vun engem US-Marinnschëff huet an der Strooss vun Hormus eng iranesch Dron zerstéiert, dat mellt den Donald Trump.

Duerch een neien Incident an der Golfregioun, hunn sech d'Spannungen tëscht den USA an dem Iran weider verschäerft. En amerikanescht Krichsschëff huet no Donnéeë vum US President Trump iwwert der Strooss vun Hormus eng iranesch Drone ofgeschoss. Wéi et heescht, wier des Drone dem Schëff extrem no komm. D'USS Boxer hätt sech doropshi verdeedegt. D'Dron wier zerstéiert ginn, sou den Donald Trump.

Et wier dëst eng vu ville Provokatiounen a feindlechen Aktiounen duerch den Iran. Den amerikanesche President huet en Appell un aner Länner gemaach, hier Schëffer beim Passage duerch d'Strooss vun Hormus ze protegéieren an an Zukunft mat den USA zesummenzeschaffen.

Den iraneschen Ausseminister Mohammed Dschawad Sarif sot iwwerdeems am Kader vun enger Renconter mam UN-Generalsekretär Antonio Guterres zu New York, dass hien näischt iwwert de Verloscht vun enger Drone wéisst.

D'USA kéinten also deemno wéi eng eegen Dron ofgeschoss hunn. Dat seet den iranesche Vize-Ausseminister. Den Iran hätt jiddwerfalls keng Drone verluer, sou de Minister de Moien op Twitter.

Do virdrun hat den amerikanesche President bekannt ginn, dass en amerikanescht Krichsschëff iwwert der Strooss vun Hormus eng iranesch Drone ofgeschoss hätt. Wéi et geheescht huet, wier des Drone dem Schëff extrem no komm. D'USS Boxer hätt sech doropshi verdeedegt an Drone wier zerstéiert ginn, sou den Donald Trump. Et wier dëst eng vu ville Provokatiounen a feindlechen Aktiounen duerch den Iran.

Den amerikanesche President huet iwwerdeems en Appell un aner Länner gemaach, hier Schëffer beim Passage duerch d'Strooss vun Hormus ze protegéieren an an Zukunft mat den USA zesummenzeschaffen.